Iwwert mech

Wien ass d'Muppeschoul?

D'Muppeschoul ass 2021 vum Fanny Rieth gegrënnt ginn. D'Fanny huet seng jorelaang Passioun an d'Schaffe mat Hënn a Päerd zum Beruff gemaach an huet seng Ausbildung op der Akademie für Tiernaturheilkunde (ATN) an der Schwäiz zum Hondstrainer gemach, nodeems hat säi Bachelor a Kulturwëssenschaften ofgeschloss huet. Hat huet selwer zwee Australian Shepherds an ee Päerd, an ass am Ëmgang mat Déieren grouss ginn.

D'Ziel vun der Muppeschoul ass et, eng besser Relatioun mat sengem Hond opzebauen, an en besser kënnenzeléieren. Doduech kann ee léieren säin Hond besser ze deiten an besser op seng Besoin'en anzegoen. Wann dir weider Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren.

Diplom ATN Hundetrainer uweisen > Kontaktéiert eis >

Hi
Hi

D'Philosophie vun der Muppeschoul

Den Training an der Muppeschoul baséiert op "positive reinforcement", an setzt soumat op d'Belounung vun gewolltem verhalen beim Mupp. Heifir gëtt och ee "Verstärker Signal" wéi z.B. ee Klicker oder ee Wuert benotzt, fir dass den Hond d'Belounung zu dem richtegen Verhaalen assoziéieren kann. Fir ee gudden Training ass et onverzichtbar, dass d'Besëtzer, souwéi all Persoun déi mat dem Mupp zedinn huet, déi geléiert Methoden och selwer am Alldag ëmsetzen.

Eis Servicer kucke >

Trainingsplatzen

Den Training fënnt an ëffentleche Parken an der Stad statt, an setzt den Hond esou mat Alldagssituatiounen a Beréierung. Dat gewënschte Verhaale gëtt doduech an dem normalen Ëmfeld erléiert, wouduech déi geléiert Kompetenzen méi einfach am Alldag ofruffbar an widderhuelbar sinn.